Concours GENIAL
Dat wichtegst iwwer de Concours GENIAL op ee Bléck !
De Concours GENIAL ass e Kreativitéits- an Innovatiouns-Concours fir Kanner a Jugendlecher vu Lëtzebuerg tëschent 5 an 20 Joer. Et ass eng Initiative vu Luxinnovation, der nationaler Agence fir Innovatioun a Forschung, an enker Zesummenaarbecht mam Ministère de l’Education nationale a mat der Ënnerstëtzung vun enger Rei vu Partner.
Ëm wat geet et ?
Et geet drëm, nei, kreativ, innovativ a GENIAL Iddien ze fannen an duerzestellen! Esou Iddien kennen, zum Beispill:
- en alldeegleche Problem léisen
- eng nei a bahnbrechent Erfindung sinn
- eppes an eisem Alldag veränneren, vereinfachen, verbesseren oder verschéineren
....an dat an all Beräich !
Technik, Wirtschaft, Kommunikatioun & Medien, Sproochen, Transport, Design, Ëmwelt, Servicer, Fräizäit, Sport, Musek ... et ginn onendlech vill Méiglechkeeten a Beräicher déi op GENIAL Iddie waarden !
....an egal wéi enger Form !
Zeechnungen, Maquetten, Videoen, Foto-Collagen, Figuren … denger Phantasie si keng Grenzen gesat ! Vergiess just net däi Projet och kuerz ze beschreiwen!
Wie ka matmaachen?
All Jonken tëschent 5 an 20 Joer , vu Lëtzebuerg, ka beim Concours matmaachen!
Iddie kënnen eleng oder an der Grupp ëmgesat ginn a musse vun engem Erwuessene begleet ginn (Schoulmeeschter, Proffen, Moniteuren, Pädagogen, Educateuren, Elteren ...)
Wéi kann ech matmaachen?
- Iwwerlee der eng GENIAL Iddi
- Fann en Erwuessenen deen dech aschreift a während dengem Projet begleet
- Setz deng Iddi ëm!
- A schéck eis deng Iddi, mat enger klenger Beschreiwung, virum 30. Abrëll 2012 :
Luxinnovation
7, rue Alcide de Gasperi
L-1615 Luxembourg
Méi Infos fënns de an der Rubrik Wéi matmaachen !
Mee opgepasst: et ginn e puer Regelen déis de respektéiere muss!
De GENIALen Tipp!
An der Rubrik Gëff kreativ – Erfann deng Iddi fënns de nëtzlech Tricken déi der hëllefen eng wierklech GENIAL Iddi ze fannen!





