Enseignanten / Pädagogen

Ënnerstëtzt déi Jonk vum Erfanne bis zur Ëmsetzung vun hirer GENIALer Iddi !

Dir sidd Enseignant, Educateur, Pädagog oder Moniteur zu Lëtzebuerg? 

Da begleet an ënnerstëtzt déi Jonk (vu 5 bis 20 Joer) – an der Schoul oder an der Fräizäit, eleng oder an der Grupp – vum Erfanne bis zur Ëmsetzung vun hirer GENIALer Iddi.

Firwat matmaachen?

Kreativ denken, nei Iddien erfannen, innovativ Léisunge proposéieren oder Alldeeglechkeete verbesseren: dat alles si Viraussetzunge fir Wuesstem, Fortschrëtt & Wuelstand – och & virun allem zu Lëtzebuerg! An engem klenge Land mat begrenzte Rohstoffer sinn Iddien & Kreativitéit fundamental Ressourcen . Dofir brauche mer Kanner & Jugendlecher mat neien, kreativen a GENIALen Iddien – an Erwuessener déi et verstinn dës Kreativitéit ze stimuléieren!

GENIAL Iddie ginn et an all Beräich: Technik, Wirtschaft, Kommunikatioun & Medien, Sproochen, Transport, Design, Ëmwelt, Servicer, Fräizäit, Sport, Musek ... de Concours GENIAL kann dofir an all Schoulklass agebonne ginn, an all Fräizäitaktivitéit oder an all Interesseveräin.

Déi verschidden Techniken & Methoden  déi an der Rubrik Gëff kreativ - erfann deng Iddi  erkläert ginn, si wäertvoll Hëllefe fir ze léiere wéi ee kreativ denkt, Iddie fënnt & eraussicht, a se dono ëmsetzt. Dës Methoden erlaben et, de Concours op eng pädagogesch Manéier  an d'Schoulstonnen oder d’Fräizäitaktivitéiten anzebannen.

De Concours GENIAL ass ausserdem eng kreativ Art & Weis  fir Jonken z’erkläere wat Innovatioun ass a firwat et esou wichteg ass nei Léisungen ze sichen a Verbesserungen ze proposéieren!  Gidd selwer kreativ – fir dass déi Jonk et och kenne ginn!

Wéi kann ech déi Jonk ënnerstëtzen?  

Ënnerstëtzt déi Jonk an hirer natierlecher Virwëtzegkeet, hirer Loscht um Experimentéieren an um Erfuerschen. Hëlleft hinnen hir Gedanken e Schrëtt méi wäit ze féieren an ze strukturéieren – vum kreativen Denken, iwwert Iddie fanne bis hin zur Ëmsetzung vun hiren Iddien! Déi verschidde Kreativitéits-Techniken hëllefen dobäi !

Wat muss ech man?

Dir kennt eenzel Jonker oder Gruppen heibäi begleeden. Fëllt de richtege Formulaire aus (eenzel / Grupp) a schéckt eis de ganzen Dossier  (Formulaire, Iddi, Beschreiwung) bis den 30. Abrëll 2012 eran!

All Iddi muss duergestallt  ginn – an egal wéi enger Form (Zeechnungen, Maquetten, Videoen etc.) – an se muss kuerz beschriwwe  ginn!

All Detail iwwer Aschreiwung an aner Modalitéite fir mat ze maache sinn an der Rubrik Regelen & Aschreiwen  beschriwwen!

Nach Froen?

Kontaktéiert eis !

Download

Formulare fir sech anzeschreiwen

eenzelne Kandidat

Grupp / Klass

Klengt Handbuch fir mat ze maachen

Klengt Handbuch fir Tuteuren & eeler Kandidaten

Promotioun

Flyer

Pouster

Besich eis op Facebook !