Gëff kreativ
Erfann deng Iddi !
Fir d’éischt emol: wat ass iwwerhaapt eng GENIAL Iddi ?
Eng GENIAL Iddi ass nei, kreativ & innovativ, dat heescht se soll entweder:
- en alldeegleche Problem léisen
- eng nei a bahnbrechent Erfindung sinn
- eppes an eisem Alldag veränneren, vereinfachen, verbesseren oder verschéineren
Et gëtt villes, wat et nach net gëtt !
Heinsdo geet et duer, sech ganz einfach Froen ze stelle fir eng GENIAL Iddi ze fannen!!
- du bass bestëmmt heinsdo generft vun eppes a wëlls dat änneren? (Bas de generft vum Stau? Eppes an denger leschter Vakanz huet dech gestéiert? ...)
- du bass sécher passionéiert vun engem Hobby an hues eng nei Iddi fir et nach méi spannend, méi bekannt, méi einfach ze man oder ze verbesseren?
- du hues bestëmmt schonn emol fonnt dass eng bestëmmte Saach besser, méi praktesch, méi liicht, méi kleng oder méi schéi kéint sinn !
- oder hues du vläit eng nei Iddi fir Kanner, Jugendlechen, eeler Leit oder Déieren ze hëllefen?
Et ginn onendlech vill GENIAL Iddien a Léisungen déi just drop waarde vun dir erfonnt ze ginn !
Kreativ sinn - dat kann ee léieren
Mee dat ass guer net ëmmer esou einfach wéi et op den 1. Bléck schéngt. Kreativ denken, senger Phantasie fräie Laf loossen, kritesch iwwerleeën, konkret Léisunge fannen a se dono och ëmsetzen: dat alles kann ee léieren ! A wéi esou oft, zielt och hei de Prinzip: Übung macht den Meister !
Dës Säite weisen der e puer einfach Techniken a Methoden déi der hëllefen, Iddien ze fannen a se dono och mat Erfolleg ëmzesetzen! Dës 4. Schrëtt ënnerstëtzen a begleeden dech duerch all Etapp – vun der Iddi bis zur Ëmsetzung - vun dengem Projet:





