Iddie fannen
Deng éischt Iddi ass net onbedéngt déi GENIALst !
Fir eng GENIAL Iddi ze fanne muss de der meeschtens virdru vill verschidden Iddien afale loossen. Op dëser Säit gi Kreativitéits-Techniken beschriwwen, déi der hëllefe vill verschidden Iddien ze fannen . E puer Technike si ganz einfach – anerer méi komplizéiert. Probéier se einfach aus a benotz déi, déi der am beschte gefält. Déi meescht kennen eleng – oder an der Grupp benotzt ginn!
Brainstorming
De Brainstorming (aus dem Engleschen: Brain = Gehir & Storm = Stuerm) erlaabt, vill verschidden Iddien a kuerzer Zäit fannen!
Stell eng konkret Fro. Looss der da spontan esou vill Iddie wéi méiglech dozou afalen. So alles wat der spontan duerch de Kapp geet, och déi déits de net esou gutt fënns.
Am einfachsten ass et, een aus denger Grupp schreift all eenzel Iddi op e klengt Stéck Pabeier. Sou kënnt der se dono besser sortéieren an déi GENIALst Iddi erauspicken.
Tipp: Du kanns dës Technik roueg e puer mol hannerenee benotzen!
Brainwriting
De Brainwriting (aus dem Engleschen: Brain = Gehir & Writing = Schreiwen) ass ähnlech wéi de Brainstorming. Beim Brainwriting geet et och drëm vill Iddien ze fannen.
Stell erëm eng konkret Fro! Huel der dann e bësse méi Zäit, denk no, a schreif dann all Iddi op e klengt Stéck Pabeier. Probéier och hei erëm esou vill Iddie wéi méiglech ze fannen an notéier all Iddi, och déi déi net esou gutt sinn. Jiddereen an der Grupp mécht dat fir sech eleng an dono réischt ginn all d'Iddien zesumme geluecht.
Tipp: Esou wéi beim Brainstorming kanns de dës Technik e puer mol benotzen! Oder souguer a Kombinatioun mam Brainstorming!
Iddie verfäineren
Dës Technik kann der hëllefen, eppes Bestëmmtes un enger Saach oder eng Iddi ze änneren andeems de 7 ganz konkret Froen dozou stells!
- Kann een d’Saach, oder en Deel dovun, ersetzen ? („Substitutioun“)
- Kann een eng nei Zesummestellung fannen? („Kombinatioun“)
- Kann ee verschidden Deeler dovun anescht zesummesetzen? („Ëmuerdnung“)
- Kann een d’Form änneren? Oder d’Faarf? („Upassung“)
- Kann een et d'Gréisst oder d'Gewiicht veränneren? („Vergréisserung“)
- Kann ee verschidde Funktionalitéiten ewech loossen? („Eliminatioun“)
- Kann een et anescht benotzen? Oder kann een eng aner Zilgrupp domat erreechen? („neie Notzen“)
Negative Brainstorming
Eng negativ Technik fir positiv Resultater! Wann der einfach keng Léisung fir e Problem afält kann dës Technik der hëllefen.
Dréi däi Problem einfach em! Amplatz dech ze froen „Wéi léisen ech mäi Problem?“ - fro dech „Wat verursaacht mäi Problem?“. Maach dann e Brainstorming fir Iddien ze fannen (esou wéi hei uewe beschriwwen!). Benotz dann dës Iddie fir eng Léisung fir däin initiale Problem ze fannen!!
Blummen-Associatioun
Dës Technik ass e bësse méi komplizéiert, mee dofir ganz nëtzlech. Se erlaabt der, dech vun dengem Problem oder denger Fro ze distanzéieren a schaaft esou Plaz fir méi Kreativitéit:
- Schreif déi wichtegst Iddi oder den Haaptdeel vun dengem Problem an d’Mëtt vun engem Blat
- Iwwerlee der passend Associatiounen a schreif se ronderëm dat wichteg Wuert, esou wéi d’Form vun enger Blumm
- Benotz dann déi nei Wieder als Ausgangspunkt fir weider Associatiounen
- Wiel dann ee Wuert als Inspiratioun fir nei Léisunge fir däi Problem ze fannen.
De Superheld
De Superheld hëlleft net nëmme Mënschen déi an Nout sinn! E kann och hëllefen nei Léisungen ze fannen!
Sief kreativ a setz deng Phantasie an! Stell der vir, wéi de Superheld agräife géif a benotz déi Iddi, fir deng eege Léisung ze fannen!
Quick Storm
Dës Technik (aus dem Engleschen: Quick = séier & Storm = Stuerm) hëlleft Iddien ze kombinéieren an doduerch kreativ Léisungen ze fannen.
Nei Iddien duerch komesch Saachen
Mat dëser Technik kenne witzeg & onerwaarte Léisunge fir e Problem fonnt ginn un déi een ouni dës Technik ni geduecht hätt. Esou si scho vill grouss Erfindungen entstan – quasi duerch „Zoufall“.
Tipp: Komesch Saach fënnt een iwwerall! Maach einfach mol en Tour duerch d’Haus!
De GENIALen Tipp !
Dës Techniken erlaben der vill flott Iddien ze fannen. Dono muss de aus all deenen Iddien déi beschten erauswiele fir deng GENIAL Iddi ze fannen.
An der Rubrik Iddien erauswielen gëtt erkläert wéi dat geet!





