Iddien ëmsetzen

Weis der Welt deng GENIAL Iddi !

Egal ob eleng oder an der Grupp, dir hutt elo sécher eng GENIAL Iddi fonnt !

Mee domat geet et awer net duer: du muss deng Iddi och ëmsetze fir der Welt se ze weisen! Eng Iddi – och wa se GENIAL ass – bréngt net vill wa se just an dengem Kapp bleift!

Kreativitéit ass gefrot

Hei sinn denger Kreativitéit keng Grenze  gesat: egal ob gemoolte Biller, gebastelt Maquetten, Zeechnungen, Videoen, Foto-Collagen, Figuren … denger Phantasie si keng Grenze gesat !

Mee opgepasst: Egal a wéi enger Form dass de däi Projet wëlls presentéieren, et muss ëmmer eng kléng Beschreiwung  dobäi sinn!

Sief originell

An denk drun: deng Iddi, och wa se GENIAL ass, muss aner Leit (a virun allem de Jury vum Concours) iwwerzeegen !! D’Originalitéit an d’Qualitéit vun der Ëmsetzung vun denger Iddi si wichteg Kriterien no deenen de Jury d’Projete bewäert!

A ween weess...villäicht fënnt jo ee Fuerscher, Kënschtler oder Designer deng Iddi esou GENIAL dass en der well hëllefen DENG Iddi weider z’entwéckelen! 

De GENIALen Tipp!

Wanns de net weess, wéis de deng GENIAL Iddi ëmsetze solls, da kuck emol an der Rubrik kreativ denken  !

Do fënns de bestëmmt eng Method (zum Beispill de Brainstorming) déi der hëlleft deng Iddi ëmzesetzen! 

Kreativ denken

Besich eis op Facebook !