Kreativ denken

Kreativitéit fänkt beim kreativen Denken un !

Kreativitéit ass d’Grondviraussëtzung fir all kreativ, innovativ a GENIAL Iddi.

Kreativ an innovativ sinn heescht virun allem nei Iddie fannen  an se dono mat Erfolleg ëmsetzen. Mee keng Panik: kreativ denke kann ee léieren, trainéieren a verbesseren !

Übung macht den Meister !  E puer einfach Tricken hëllefen der dobäi:

Däin Alldag kreativ betruechten

Probéier ganz normal Saachen aus dengem Alldag aus engem anere, méi kreative, Bléckwénkel ze betruechten. Iwwerlee der wéi een Notzen dës Saache soss nach kéint hunn. Dat hëlleft der nei Iddien ze fannen an nei Saachen ze entdecken!

Übung :  Huel eng normal Forschette a kuck der se genee un! Wat kanns de soss domat maachen wéi iessen? Kanns de se och fir soss eppes benotzen?

”Daat geet net”- gëtt et net!

"Onméiglech! Ze schwéier ! Vill ze deier !" Kenns de esou Äntwerten ? Matt esou enger Astellung hunn innovativ Iddien net vill Chance! Iwwerlee der nei Léisungen andeems de probéiers däi Problem anescht unzegoen!

Denk einfach mol un de Contraire! Esou gees de däi Problem aus engem anere Bléckwénkel un afënns villäicht eng nei Léisung! Sätz wéi "NEE, well... " ginn esou mat mat "JO, well…" ersat!

Übung :  Stell der en Déier vir, virun deems de Angscht hues! Schreif 5 positiv Gedanken op, déi der zu deem Déier afalen !

Verbann verschidden Iddie mateneen

Wann een „Loft“ seet, denks du automatesch un „Wollek“ . Dat ass eng „Associatioun“: verschidden Iddien a Saache gi matenee verbonnen. Esou kanns de eenzel Saachen mat villen aneren Iddie verbannen.

Übung: Huel der 3 Minutten Zäit a schreif all déi Wieder op déi der zu „Gartenzwerg“ afalen. Maach dat selwecht mam Wuert „Insel“ a probéier duebel esou vill Wieder ze fannen.

Iwwerlee der Alternativen

Deng éischt Iddi ass net onbedengt déi GENIALsten! Iwwerlee e bësse méi wäit, fann Alternativen, aner Léisungen a Méiglechkeeten.

Übung :  Iwwerlee der 10 witzeg Gebuertsdaags-Iwwerraschungen fir däi beschte Kolleg !

Denk a Biller : benotz deng Phantasie!

Eise Kapp ass voll mat Erënnerungen an Erfahrungen! Denk mol un deng lescht Vakanz: wéi huet d’Landschaft ausgesinn? Wéi huet de Sand sech ugefillt? Wéi huet d’Mier gericht? Looss denger Phantasie fräie Laf!

Dat klappt mat all Iddi: probéier ëmmer der e Bild vun enger Iddi ze man – nëmmen esou kann aus enger Iddi Realitéit ginn.

Übung: Stell der vir du gees bei de Bäcker! Wéi gesäit et do aus? Wéi richt et? Wat héiers de? 

Besich eis op Facebook !