Regelen & umellen
Alles iwwer Aschreiwung & Regelen déits de kenne muss !
Matmaache beim Concours ass u sech ganz einfach! Et gi just e puer Regelen déits du respektéiere muss ! All d’Regelen – am Detail erkläert – kanns de hei eroflueden !
Dës Säit presentéiert e klenge Résumé mat deene wichtegste Regelen ! Jiddereen dee wëll matmaachen, soll sech trotzdem d’Zäit huelen, déi detailléiert Regelen och duerchzeliesen.
Wat ass eng GENIAL Iddi?
Eng GENIAL Iddi ass nei, kreativ & innovativ a kann entweder:
- en alldeegleche Problem léisen
- eng nei a bahnbrechent Erfindung sinn
- oder eisen Alldag vereinfachen, verbesseren oder verschéineren
Deng Iddi muss nei sinn, mee se soll awer net onrealistesch sinn! Beispiller vun esou Iddie fënns de an der Rubrik Gewënner vun de leschten Editiounen !
Deng Iddi muss vun DIR kommen!
DU muss deng Iddi selwer (oder an der Grupp) erfannen an ëmsetzen!
Deng Iddi dierf op kee Fall :
- schonn existéiere
- kopéiert sinn: net vun engem Kolleg, net vun enger anerer Grupp, an net vun enger Iddi déi schonn emol fir de Concours erageschéckt gouf (egal ob se gewonnen hat oder net!)
Wien dierf matmaachen?
Jiddereen tëschent 5 an 20 Joer, mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg, ka matmaachen. Iddie kennen eleng oder an der Grupp erageschéckt ginn.
Jiddereen dierf just 1 Iddi eraschécken (egal ob eleng oder an der Grupp).
Wat muss ech wéini wou erareechen?
Däi Projet – vun der Iddi bis zur Ëmsetzung – muss vun engem Erwuessenen (Schoulmeeschter, Proff, Educateur, Moniteur, Elteren etc.) begleet ginn, deen dech muss aschreiwen an de passende Formulaire ausfëllt :
Iddie kennen an all Beräich fonnt ginn a kennen an de verschiddenste Formater eragereecht ginn: denger Phantasie si keng Grenzen gesat !
Bei all Iddi muss ausserdem eng kleng Beschreiwung dobäi sinn (ausser fir Kanner ënner 7 Joer – 1 & 2 Cycle). Dës Beschreiwung kann op der Hand oder um Computer geschriwwe sinn, soll maximal 2 Säite laang sinn a kann op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch geschriwwe ginn.
Dee ganzen Dossier (Formulaire, Iddi, Beschreiwung) muss bis den 30. Abrëll 2012 erageschéckt ginn:
Luxinnovation
7, rue Alcide de Gasperi
L-1615 Luxembourg
An denk drun: deng Iddi, och wann se GENIAL ass, muss aner Leit – a virun allem de Jury - iwwerzeegen!
Jury & Bewäertung
D’Iddie ginn an 5 verschidden Altersklasse bewäert:
- Kategorie 1: 5 bis 7 Joer (Cycles 1 & 2)
- Kategorie 2: 8 bis 11 Joer (Cycles 3 & 4)
- Kategorie 3: 12 bis 14 Joer (Cycle inférieur)
- Kategorie 4: 15 bis 18 Joer (Cycle supérieur)
- Kategorie 5: 19 bis 20 Joer (Projet de fin d’études)
D’Projete ginn no e puer Kriterie bewäert: Kreativitéit & Originalitéit vun der Iddi, Qualitéit vun der Duerstellung, realistesch Ëmsetzbarkeet, Innovatiounsgehalt asw. Dës Kriterie sinn natierlech méi oder manner wichteg jee no Altersklass.
Déi GENIALsten Iddie gi vun engem Jury ermëttelt, déi aus Vetrieder aus deene verschiddenste Beräicher besteet: Entreprisen, Fuerschungszentren, Design-, Kultur a Bildungsariichtungen.
Op enger feierlecher Präisiwwerreechung ginn dann déi GENIALsten Iddien & Erfinder belount!
Verëffentlechung vun denger Iddi
All Iddi déi eragereecht gëtt, dierf vun den Organisateure verëffentlecht ginn (Internet, Press etc.).
D’Organisateure sinn net verantwortlech fir Konsequenzen déi aus dëser Verëffentlechung entstoe kënnen.
D’Integralitéit vun de Regele mussen akzeptéiert ginn
Jiddereen dee beim Concours matmécht, akzeptéiert all d’Regelen , ouni Ausnam. All Kandidat bestätegt, d’Integralitéit vun dëse Regelen ze kennen an se ze respektéieren!
Opgepasst : dës Säit presentéiert e Resumé vun den haapt Regele vum Concours. D’Integralitéit vun alle Regele muss awer akzeptéiert gi fir beim Concours mat maachen ze kënnen!
Du brauchs Hëllef ?
Et ass eppes net kloer, du hues eng Fro oder brauchs Hëllef? Da kontaktéier eis !
Download
Regelen & Aschreiwen
Formulare fir sech anzeschreiwen





