Wéi matmaachen?

Du wëlls matmaachen? Hei gëss de gewuer wéis de dech uleeë solls!

Matmaache beim Concours ass ganz einfach :

  • iwwerlee der eng GENIAL Iddi
  • fann en Erwuessenen deen dech aschreift a während dengem Projet begleet (à formulaire)
  • setz deng Iddi ëm
  • A schéck eis deng Iddi, mat enger klenger Beschreiwung, virum 30. Abrëll 2012 :

 Luxinnovation

7, rue Alcide de Gasperi

L-1615 Luxembourg

Iddie kennen an all Beräich fonnt ginn a kennen an de verschiddenste Formater eragereecht ginn: denger Phantasie si keng Grenzen gesat!

Du kanns eleng oder an der Grupp  matmaachen, an der Schoul oder an der Fräizäit!

Iddie kennen an  5 v erschiddenen Alterskatergorien  eragereecht ginn, a ginn och dono bewäert:

  • Kategorie 1 : 5 bis 7 Joer (Cycles 1 & 2)
  • Kategorie 2 : 8 bis 11 Joer (Cycles 3 & 4)
  • Kategorie 3 : 12 bis 14 Joer (Cycle inférieur)
  • Kategorie 4 : 15 bis 18 Joer (Cycle supérieur)
  • Kategorie 5  : 19 bis 20 Joer (Projet de fin d’études)

Bei der Ëmsetzung vun denger Iddi sinn denger Kreativitéit keng Grenze gesat! Et gi just e puer Regelen  déits de respektéiere muss! Vergiess net déi duerchzeliesen oder fro en Erwuessenen dass en der se erkläert !!

Download

Formulare fir sech anzeschreiwen

Eenzelne Kandidat 

Grupp / Klass

Klengt Handbuch fir mat ze maachen

Klengt Handbuch fir Tuteuren & Kandidaten

Besich eis op Facebook !